Written by 7:17 am Inside Creos, Interviews, My Job, My Energy

My Job, My Energy – Jacques Hayen

JACQUES HAYEN
Agent Metering Services

D’Mataarbechter aus de Metering Services vun der Creos si responsabel fir de Fonctionnement vum Zählerwiesen am Stroum an am Gas.  Am Center zu Contern dréint sech also alles em d’Compteuren.

Dem Agent aus dem Service seng Missioun ass et de Responsabelen vum Center am Alldag ze ënnerstëtzen. Dat geet vun der Koordinatioun vun den Equippen, déi fir den Austausch, d’nei Installatiounen an d’Maintenance vun den Zähler verantwortlech sinn bis bei d’Gerance vum Stock am Magaséng. Dofir muss hien zujidder Zäit op d’Erfahrung vun deenen eenzelnen Mataarbechter zeréckgräife kënnen.

D’Qualitéit gëtt bei der Creos groussgeschriwwen, et gëtt keng Plaz fir Feeler. Ënnert d’ Responsabilitéit vum Service Comptage fällt demno och den hauseegene Labo, deen fir d’Kontroll an d’Kalibréieren vun de Compteuren zoustänneg ass.

D’Aféierung vum „Smart Meter“, dem neien intelligenten Zähler, huet nei Aufgaben mat sech bruecht. A Kooperatioun mat enger Rëtsch Sous-Traitanten mussen eng ronn 300.000 Compteuren ersat ginn. Fir den technesche Fortschrëtter, wéi dem Smart Metering,  gewuess ze sin, muss jiddereen säi Wëssen dauernd weiderentwécklen.

„Mat enger staarker Equipe, wou een sech op deen aanere verlosse kann, huele mir all Erausfuerderung un.“

Last modified: November 20, 2020

Close