Well de Luxring tëschent Réiser a Bierchem duerch een Naturschutzgebitt verleeft, huet Creos do missen op eng méi opwänneg Method zeréckgräife fir déi nei Héichspannungsleitung ënnerierdech ze verleeën.
Op enger Längt vu ronn 770m a bis zu 18m déif goufen ënnert dësem Naturschutzgebitt 2 Buerunge vun engem Duerchmiesser vu 660mm gemaach wou spéider Réier an dann d’Héichspannungs- a Glasfaserkablen agezu gi sinn.
Dëst Verfahren ass net alldeeglech am Leitungsbau.
De Chantier huet am Ganzen 3 Méint gedauert, wouvun d’Kabelzéihen alleng op dëser Distanz zwou Woche gedauert huet.
(Visited 9 times, 1 visits today)
Last modified: January 23, 2017