Written by 8:28 am Inside Creos, Réseaux & Infrastructures, Vidéos

Luxring – Episode 3: Seeler anzéien

Mam Luxring, gouf d’220-Kilovolt-Héichspannungsnetz vun der Creos mat am Ganze 17 Kilometer neie Fräileitungen ausgebaut. 24 Kilometer vun den ale Fräileitungen ginn zeréckgebaut an sinn zum Deel duerch ënnerierdesch Kabelen ersat ginn.

Während dem Chantier, deen am Ganzen 3 Joer gedauert huet, goufe ronn 300 Kilometer Fräileitungsseeler verschaftt.

D’Opléen vun de Seeler ass eng ganz opwänneg Aarbecht. Wéinst dem Gewiicht vun engem oder souguer 1 ½ Kilo pro Meter, muss als éischt ee Firseel verluegt ginn wat genug Zochkraaft kann obhuelen fir dann dat definitivt Seel nozezéien.

D’Fräileitungsseeler sin aus Aluminium mat engem Stole Kär.

Et sin och 700 Silikon-Isolatorketten vun je 3 Meter installéiert gin.

Last modified: January 23, 2017

Close