Written by 4:42 pm Interviews, My Job, My Energy

My Job, My Energy – Flavio Videira Pereira

FLAVIO VIDEIRA PEREIRA
Magasinier

Zu den Aufgaben vum Magasinier gehéiert d’Gestioun vum Material, dat fir d’Projete vun der ganzer Firma gebraucht gëtt. Hien ass verantwortlech fir de Stock: vun der Liwwerung vun de Wuere bis d’Virbereede vum Material. All Muere mussen d’Equipen aus dem Magaséng fir den Approvisionnement vun de Schantercher am ganze Land suergen. Si mussen all Dag vill verschidde Besoine gerecht ginn, well d’Aktivitéit vun de Stroum- a Gasequipen am Land sou verschidden ass.

Creos setzt besonnesch op Technologie. D’Magasiniere benotzen zum Beispill Handscanner fir de Stock elektronesch ze geréieren. Sou ass de Risiko fir Feeler ze maache méi kleng. Duerch d’Ënnerstëtzung vu modernen Apparater ass d’Aarbecht vum Magasinier haut kierperlech manner ustrengend, wéi dat fréier war. Niewent der Technik, ass awer och d’Virbereedungsaarbecht an der Equipe wichteg, fir dass d’Material ëmmer matt Zäit preparéiert ass.

„Fir mech ass Creos wéi eng grouss Famill. Jiddereen huet seng Plaz a kann sech op deen anere verloossen.“

Last modified: November 20, 2020

Close