Written by 11:31 pm Interviews, My Job, My Energy

My Job, My Energy – Daniel Ribeiro

DANIEL RIBEIRO SOARES
Elektriker

D’Elektriker am Atelier droe vill fir d’Reussite vun de Schantercher vu Creos am ganze Land bäi. Zu hirer Aufgab gehéiert, Anlage virum Gebrauch op der Plaz virzebereeden. Zieler- a Verdeelerkëschten, Kofferkabelen an aner Stécker, déi fir Nidder- an Mëttelspannungsanlage gebraucht ginn, ginn an eisem Atelier zesummegebaut ier se op de Schantercher montéiert ginn. Eis Elektriker am Atelier musse fir all Projet déi passend Léisung fannen a flexibel op all Situatioun kënne reagéieren.

Wéi efficace e Schantje ka schaffen, hänkt also staarkt vun der gudder Viraarbecht am Atelier of. D’Sécherheet spillt dobäi eng grouss Roll. D’Solidaritéit zwëschen den Equipen a Mataarbechter gehéiert zu der Aarbechtsmoral hei bei Creos.

Creos bitt hiren Elektriker d’Méiglechkeet, hiert Wëssen aus der Schoul an der Praxis ëmzesetzen an all Dag bäi ze léieren. Déi technesch Fortschrëtter an ëmmer méi grouss Ufuerderunge setze viraus, dass jidderee säi Kënnen dauernd muss weiderentwéckelen. Doduerch ass d’Aarbecht interessant an ofwiesslungsräich.

„Creos bitt mir eng interessant Aarbecht mat laangfristege Perspektiven a Méiglechkeeten, mech weider ze entwéckelen.“

Last modified: November 20, 2020

Close