Written by 7:34 am Inside Creos, Interviews, My Job, My Energy

My Job, My Energy – Steven Mering & Roland Barthel

STEVEN MERING & ROLAND BARTHEL
Elektriker

D’Elektriker vun der Creos fueren all Dag an der Equipe eraus, fir elektresch Installatiounen op privaten an ëffentleche Schantercher a Betrib ze huelen. Nei Uschlëss, de Montage vun Panzerkëschten a Compteuren an d’Ubanne vun de Photovoltaikanlagen un d’Netz gehéieren zu hieren Haaptaufgaben. Si ginn awer och geruff, wann zum Beispill eng bestoend Installatioun modifizéiert oder geréckelt muss ginn. Je no Schantjen iwwerpréiwen si och Installatiounen vu privaten Elektriker.

D’Monteurs-Equippe si selwer verantwortlech fir d’Material ze bestellen wat si brauchen. Dës Tâchë ginn haut voll elektronesch ofgewéckelt.

D’Aarbecht vun den Elektriker ass immens ofwiesslungsräich – awer och usprochsvoll, duerfir ass um Terrain, nierwend dem techneschen Wëssen och Teamwork an Equippegeescht gefroot, fir e Schantjen sécher an zur Zäit ofzeschléissen.

„Mir bréngen de Leit d’Wäermt an d’Liicht “.

Last modified: November 20, 2020

Close