Written by 7:39 am Inside Creos, Interviews, My Job, My Energy

My Job, My Energy – Sergio da Costa

SERGIO DA COSTA
Connection Coordinator

 De Connection Coordinator bei der Creos ass responsabel fir Nidderspannungsuschlëss. Hie koordinéiert de Suivi vum Schantjen a këmmert sech em alles, wat muss gemaach ginn, fir dass de Client säin Uschloss kritt: vun der Analyse vun der Demande bis zum Ofschloss vum Projet.

An enger éischter Etapp gëtt sech zesumme mam Client, dat kënne Privatpersounen, Promoteuren oder Gemenge sinn, op der Plaz getraff, fir ze kucken wat d’Ufuerderunge an déi technesch Modalitéite vum Uschloss sinn. Wann d’Preparatiounsaarbechte faerdech sinn, gëtt kontrolléiert. Ass alles an der Rei, mëscht de Connection Coordinator de Rendezvous, fir den Uschloss ze maachen.

Dobäi ass hien net nëmmen am Kontakt mat den Acteuren um Schantjen – mee och een vun den Haaptuspriechpartner fir déi intern Servicer vun der Creos. Hie bucht d’Equippen an d’Material, wat um Schantje gebraucht gëtt. Dat mëscht säin Alldag immens villsäiteg – kee Projet gläicht deem aneren.

„E gutt geréierte Schantjen, bedeit eng gutt Koordinatioun vun den Aarbechter, der Technik an dem Material.”

Last modified: November 20, 2020

Close