Luxring – Episode 3: Seeler anzéien

Mam Luxring, gouf d’220-Kilovolt-Héichspannungsnetz vun der Creos mat am Ganze 17 Kilometer neie Fräileitungen ausgebaut. 24 Kilometer vun den ale Fräileitungen ginn zeréckgebaut an sinn zum Deel duerch ënnerierdesch Kabelen ersat ginn. Während dem Chantier, deen am Ganzen 3 Joer gedauert huet, goufe ronn 300 Kilometer Fräileitungsseeler verschaftt. D’Opléen vun de Seeler ass eng ganz opwänneg Aarbecht. Wéinst dem Gewiicht […]