Am Kader vum Luxring ass zu Izeg/Blooren en neien Ëmspannposten gebaut ginn an ass domadder och déi éischt 220-Kilovolt-Gasisoléiert-Schaltanlag vun der Creos.
Dës modern Statioun, bilt d’Häerzstéck vum Luxring andeems hei en neien Aspeisungspunkt kreéiert ginn ass fir d’Versuergungssecheheet vun der Stad Lëtzebuerg an der Regioun ze garantéieren.
Zwee 220/65-Kilovolt- an zwee 65/20-Kilovolt-Traffoen sinn hei installéiert ginn déi d‘Quartieren Kierchbierg, Gasperech a Findel sou wéi och de Südosten vum Land matt Stroum versuergen.
Last modified: February 3, 2017