Written by 10:19 am Inside Creos, Réseaux & Infrastructures, Vidéos

Luxring – Episode 6: Fluchwarnkugelen

Op der neier Héichspannungsleitung ronderëm de Waldhaff an de Kirchbierg, tëschent Heeschdref an Itzeg/Blooren, fale besonnesch déi wäiss mat rout Héichspannungsmaste laanscht d’Autobunn A7 op.

Dësen Deel vum Luxring, verleeft no bei der Afluchchneis vum Fluchhafen um Findel an déi faarweg Markéierung, déi rout Blénkluuchten an déi sougenannte Fluchwarnkuglen sollen de Verlaf vun der Leitung fir de Fluchverkéier gutt siichtbar maachen; dëst entsprécht den internationalen Normen vun der Fluchsecherheet.

Op enger Längt vun ronn 4 an ½ Kilometer sinn 147 Fluchwarnkuglen um iewechte Seel, dem Erdseel, an enger Héicht vu bis zu 60 Meter mat engem speziellen Weenchen opgehaange ginn.

Dës spektakulär Abau-Aktioun huet 3 Wochen gedauert

Last modified: January 27, 2017

Close