Written by 11:35 pm Interviews, My Job, My Energy

My Job, My Energy – Jean-Paul Schmit & Jean-François Schneiders

JEAN-PAUL SCHMIT & JEAN-FRANCOIS SCHNEIDERS
Project Management – Gas-Héichdrock

Déi Mataarbechter, déi fir den Ënnerhalt an den Ausbau vum Gas-Héichdrocknetz verantwortlech sinn, hunn all Dag ënnerschiddlech Aufgaben ze léisen. Bei Creos hunn si d’Méiglechkeet an engem klengen Team vun Experten ze schaffen. An enker Zesummenaarbecht mat aneren Departementer vu Creos a mat externe Partneren, entwéckelen hir Projete vum Opstelle vun engem Budget bis zum Ëmsetze vum Schantjen. Well Creos sengen Equipen d’Méiglechkeet gëtt, grouss Projeten am Ganzen ze geréieren, ass hir Aarbecht villsäiteg an interessant.

Fir dass d’Optreeg och erfollegräich ëmgesat ginn, muss d’Equipe vum Gas-Héichdrock solidaresch schaffen. D’Mataarbechter mussen openee kënnen zielen.

Creos bitt all Dag e qualitatiivt Aarbechtsëmfeld wou d’Sécherheet grouss geschriwwen gëtt. D’Aarbecht am Energieberäich huet seng eege Regelen an et léiert een all Dag eppes bäi. Niewent der Grondausbildung, bitt Creos och gutt Perspektive fir sech perséinlech a berufflech weider ze entwéckelen.

„Eis Gasnetzer droen zu enger besserer Liewensqualitéit vun eiser haiteger Gesellschaft bäi. Dat méscht eis immens houfreg.”

Last modified: November 20, 2020

Close