Written by 9:01 am Interviews, My Job, My Energy

My Job, My Energy – Marco Renckens

MARCO RENCKENS
Responsabel fir d’Héichspannungsleitungen

Creos geréiert a baut Héichspannungsleitungen am ganze Land. Fir dëst ëmsetzen ze kënnen mussen d’Energiebesoinen vun der Bevëlkerung op laang Siicht ausgewäert ginn, sou dass mir en Netz kënnen entwéckelen, dat d’Energieversuergung garantéiert.

Nei Leitungen ze plangen, ze bauen a schlussendlech a Betrib ze huelen ass ee laangwierege Prozess un deem vill Acteure bedeelegt sinn a ka 5 bis 10 Joer daueren. Eis Mataarbechter mussen sech mat de Proprietairen vun de Grondstécker, sou wéi och matt allen ëffentlechen Instanzen an aner Infrastrukturbedreiwer verstännegen, Impaktstudien ausschaffen an d’Bauaarbechten bestëmmen.

Fir d’Mataarbechter vu Creos a fir hier extern Partneren ass d’Sécherheet dat Wichtegst. Et huet also jiddereen säin Deel Verantwortung ze droen.

„Eis Aarbecht, déi interessant an ofwiesslungsräich ass, dréit vill zu der Energieversuergung vum Land bäi.”

 

Last modified: November 20, 2020

Close