Written by 7:36 am Inside Creos, Interviews, My Job, My Energy

My Job, My Energy – Melanie Weis

MELANIE WEIS
Technesch Zeechnerin

D’technesch Zeechner vun der Creos si responsabel fir d’Dokumentatioun vun de Netzer. Hir Aufgab ass et, op d‘Schantejer erauszefueren an d’Äennerungen, déi durch Arbechten um Netz geschéien, wéi zum Beispill Réier, Muffen, Stroumleitungen oder Elektro-Bornen, déi installéiert goufen, an de Pläng festzehalen.

Niewt dem Dokumentéieren vun neien Installatiounen, këmmeren si sech och em d’Digitaliséierung vun eelere Pläng. Déi goufe fréier nämlech op der Hand op Kalkpabeier gezeechent – haut gi GPS Koordinaten an de Computer gespeist an op der Tablett visualiséiert. Dat mëscht d’Pläng méi präzis an d’Gestioun vun den Donnéeë méi liicht.

D’Zeechner schaffe gréisstendeels autonom. Dofir ass d’Responsabilitéit och immens grouss – eng Leitung, déi op der falscher Plaz, oder guer net um Plang steet, kéint emol geféierlech ginn. Fir d’Sécherheet op de Schantercher vu muer an iwwermuer ze garantéieren, ass et duerfir wichteg, dass d’Pläng präzis a komplett sinn.

„Wat am Buedem läit, muss och um Plang stoen – dat ass eis Responsabilitéit.“

Last modified: November 20, 2020

Close