Written by 8:19 am Inside Creos, Interviews, My Job, My Energy

My Job, My Energy – Gilles Garganese & Steffen Wernicke

GILLES GARGANESE – Project Manager & STEFFEN WERNICKE – Workforce Leader

Den Ënnerhalt vum Gasnetz ass eng wichteg a komplex Aufgab, déi d’Mataarbechter vun der Creos all Dag viru nei Erausfuerderunge stellt. D’Netz get regelméisseg iwwerpréift, ausgebaut an a Stand gehaal. Am Firfeld vun all Schantjen, muss den Project Manager, an Zesummenaarbecht mam Workforce Leader, den détailléierte Projet ausschaffen a Prioritéiten evaluéieren.

Niewt den internen Equippen, déi si géréieren, schaffen si och enk mat de Lokalpartner zesummen: zum Beispill mat de Gemengen, dem Waasserwierk oder der Post. Nëmmen a Koordinatioun kann en efficacen a sëcheren Oflaf garantéiert ginn.

Bei der Duerchféirung vum Schantjen ass vill Flexibilitéit gefrot. Oft ginn et Imprévuen, déi op der Plaz a Récksproch mam Entrepreneur an den Awunner geléist musse ginn. Wann d’Strooss bis opgerappt ass, engagéiert sech Creos, e Maximum ze maachen, fir deen Oofschnëtt bäschtméiglech fir d’Zukunft opzestellen.

„Mir stinn all Dag viru neien Erausfuerdungen. Eis Aufgab ass et Léisungen ze fannen“.

Last modified: November 20, 2020

Close