Inside CreosRéseaux & InfrastructuresVidéos

D’Masten Nummer 100 an 101 zu Heeschdref um Plateau spillen eng besonnesch Roll am Projet Luxring. Op dëser Platz, gëtt déi bestehend Héichspannungsleitung, déi vun Tréier an d’Land era kënnt, un den neien 220 Kilovolt-Poste vun Itzeg/Blooren ugeschloss a meescht deemno hei de Rank komplett. Ausserdeem, waren dëst déi zwee lescht Masten dei fir dëse gigantesche Chantier opgeriicht gi sinn.

Inside CreosRéseaux & InfrastructuresVidéos

Am Kader vum Luxring ass zu Izeg/Blooren en neien Ëmspannposten gebaut ginn an ass domadder och déi éischt 220-Kilovolt-Gasisoléiert-Schaltanlag vun der Creos. Dës modern Statioun, bilt d’Häerzstéck vum Luxring andeems hei en neien Aspeisungspunkt kreéiert ginn ass fir d’Versuergungssecheheet vun der Stad Lëtzebuerg an der Regioun ze garantéieren. Zwee 220/65-Kilovolt- an zwee 65/20-Kilovolt-Traffoen sinn hei […]

Inside CreosRéseaux & InfrastructuresVidéos

Op der neier Héichspannungsleitung ronderëm de Waldhaff an de Kirchbierg, tëschent Heeschdref an Itzeg/Blooren, fale besonnesch déi wäiss mat rout Héichspannungsmaste laanscht d’Autobunn A7 op. Dësen Deel vum Luxring, verleeft no bei der Afluchchneis vum Fluchhafen um Findel an déi faarweg Markéierung, déi rout Blénkluuchten an déi sougenannte Fluchwarnkuglen sollen de Verlaf vun der Leitung fir de Fluchverkéier gutt siichtbar maachen; dëst entsprécht den internationalen Normen vun der Fluchsecherheet. […]

Inside CreosRéseaux & InfrastructuresVidéos

Éiert déi ënnerierdesch Leitung tëscht dem Neiduerf an Hamm a Betrib konnt goen, huet missen en sougenannte „Site Acceptance Test“ duerchgefouert ginn. Sou een Test gët konform zu den internationalen Norme vum Kabelanlagebau duerchgefouert an muss fir all Leitung déi am Buedem läit gemaach ginn. Heibäi gëtt iwwerpréift op déi eenzel Elementer – d‘Endverschlëss, de Kabel selwer an d’Muffen – richteg agebaut gi […]

Inside CreosRéseaux & InfrastructuresVidéos

Well de Luxring tëschent Réiser a Bierchem duerch een Naturschutzgebitt verleeft, huet Creos do missen op eng méi opwänneg Method zeréckgräife fir déi nei Héichspannungsleitung ënnerierdech ze verleeën. Op enger Längt vu ronn 770m a bis zu 18m déif goufen ënnert dësem Naturschutzgebitt 2 Buerunge vun engem Duerchmiesser vu 660mm gemaach wou spéider Réier an […]

Inside CreosRéseaux & InfrastructuresVidéos

Mam Luxring, gouf d’220-Kilovolt-Héichspannungsnetz vun der Creos mat am Ganze 17 Kilometer neie Fräileitungen ausgebaut. 24 Kilometer vun den ale Fräileitungen ginn zeréckgebaut an sinn zum Deel duerch ënnerierdesch Kabelen ersat ginn. Während dem Chantier, deen am Ganzen 3 Joer gedauert huet, goufe ronn 300 Kilometer Fräileitungsseeler verschaftt. D’Opléen vun de Seeler ass eng ganz opwänneg Aarbecht. Wéinst dem Gewiicht […]

Inside CreosRéseaux & InfrastructuresVidéos

Nodeems déi eenzel Elementer vun engem Mast um Buedem virmontéiert gi sinn, ginn se an der Regel mat Hëllef vun engem Kran an der Héicht positionnéiert an zesummegeschrauwt. Net ëmmer awer erlaabt den Terrain, dass een mat engem Kran bis bei de Mast kënnt. An deem Fall muss op eng aner Method zeréck gegraff ginn. […]

Inside CreosRéseaux & InfrastructuresVidéos

Um Chantier vum Luxring sinn insgesamt 71 nei Héichspannungsmasten montéiert ginn. Jee no Terrain an Buedemqualitéit, gëtt de Mast entweder op en Stufefundament oder op ee Buerfundament opgebaut. Bei béiden Methoden hunn déi 4 Féiss jeeweils een separate Sockel. Deemno sinn am Ganzen 284 Fundamenter aus Bëtong gegoss ginn. D‘Buehrfundamenter ginn bis zu enger Déift […]

ActualitésInside CreosVidéos

Retour en images sur cette Journée Portes Ouvertes qui s’est déroulée cette année sur notre site de Schifflange. Une occasion unique pour toute la famille de jeter un regard derrière les coulisses de votre gestionnaire de réseaux et de découvrir les métiers de l’électricité et du gaz naturel.